Lieu-dit a fréier Millen an der Gemeng Monnerech From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lameschmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Monnerech a läit um CR164 tëscht Biergem an Näerzeng, um Zesummelaf vun der Baach Mess an der Uelzecht. Et ass déi südlech Limitt vum Naturschutzgebitt Dumongshaff.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Lameschmille bei Biergem. Fir aner Plaze mat deem Numm, kuckt wgl. Lameschmillen. |
Lameschmillen | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Lameschmuhle de: Lameschmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Monnerech |
Buergermeeschter | Jeannot Fürpass (CSV) |
Koordinaten |
49° 30’ 47’’ N 06° 02’ 34’’ O |
Laanscht d'Strooss läit en Depot vu Ponts et chaussées.
Zanter dem 12. Joerhonnert ass op där Plaz eng Millen nogewisen. Déi haiteg Gebaier ginn zum Deel op d'17., d'18. an d'19. Joerhonnert zeréck, mat weideren Ëm- an Ubauten aus dem 20. an 21. Joerhonnert. D'Wunnhaus gouf 2004 renovéiert an déngt als Privathaus. Um Terrain ass eng Reitschoul.
De Millebetrib gouf 1970 definitiv agestallt. Dat eenzegt wat vun den Apparater Rescht blouf ass eng Rimmenachs, déi nieft der Baach am Gaang ass ze raschten.
D'Lannenallee, déi vu Biergem bei d'Mille féiert, steet zanter dem 7. Mäerz 1984 um Zousazinventaire vun den nationale Monumenter.
Commons: Lameschmillen (Biergem) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.