Laurent Kopriwa
lëtzebuergeschen Arbitter / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Laurent Kopriwa, gebuer de 14. Dezember 1983, ass e lëtzebuergesche Foussballsarbitter. Hien ass bei der Résidence Walfer lizenzéiert an huet 2001 mam Arbitrage ugefaangen. Haaptberufflech ass hie Steierberoder.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Laurent Kopriwa | |
---|---|
Gebuer | 14. Dezember 1983 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballschiidsriichter, Steierberoder |
Zoumaachen
Hien ass zanter 2012 FIFA-Schidsriichter an ass an der UEFA Kategorie 3 klasséiert.
Wéinst Austauscher päift hien och reegelméisseg Matcher an der Proximus League an der Belsch, an der Regionalliga West an Däitschland an an der malteesescher Premier League.
Hien huet bis Januar 2020 méi wéi 145 Matcher an der BGL Ligue an ëm déi 55 Matcher an der Éierepromotioun gepaff.