![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/09/Costumes_of_Slaves_or_Serfs_from_the_Sixth_to_the_Twelfth_Centuries.png/640px-Costumes_of_Slaves_or_Serfs_from_the_Sixth_to_the_Twelfth_Centuries.png&w=640&q=50)
Leifeegeschaft
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Leifeegeschaft oder Leifherrschaft bezeechent eng perséinlech Ofhängegkeet vun de Baueren zu hirem Grondhär, déi besonnesch am Mëttelalter wäit verbreet war.
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/09/Costumes_of_Slaves_or_Serfs_from_the_Sixth_to_the_Twelfth_Centuries.png/640px-Costumes_of_Slaves_or_Serfs_from_the_Sixth_to_the_Twelfth_Centuries.png)
D'Leifeegeschaft ass grondsätzlech als géigesäiteg Verflichtung unzegesinn. De Grondhär huet dem Leifeegene militäreschen a juristesche Schutz misse bidden; sou huet de Grondhär, am Fall vun enger Virluedung op e friemt Geriicht, misse Rechtsbäistand leeschten. Als Géigeleeschtung huet de Leifeegenen Ofgabe misse leeschten: an Natur, a Form vu "gratis" Aarbecht (Froundéngschter) oder - wéi et erëm eng richteg Geldwirtschaft gouf - a Form vu Suen. Et war him ouni Erlabnes vu sengem Här net erlaabt, d'Grondherrschaft ze verloossen, oder sech ze bestueden.
E Leifeegenen, dee genuch Suen hat, konnt sech eventuell vu sengem Grondhär fräikafen, dat gouf awer a ville Fäll net gemaach, well de Schutz vun engem Grondhär fir d'Lännereie wichteg war.
An eise Géigenden ass d'Leifeegeschaft lues a lues verschwonnen, a spéitstens mat der franséischer Revolutioun war bei eis näischt méi dovun ze spieren. A Russland ass d'Leifeegeschaft awer eréischt 1861 ofgeschaaft ginn!