Les Républicains
From Wikipedia, the free encyclopedia
Les Républicains, kuerz LR, ass eng franséisch politesch Partei aus dem rietsen a Mëtt-rietse Spektrum. Si ass den Nofollger vun der Union pour un mouvement populaire (UMP), déi 2002 vum fréiere President Jacques Chirac gegrënnt gouf an am Mee 2015 d'Statutte geännert huet an ëmbenannt gouf.[2]
Méi Informatiounen Logo, Parteizentral ...
Logo | Parteizentral |
---|---|
238 rue de Vaugirard 75015 Paris Cedex 15 | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 30. Mee 2015 (Ëmbenennung vun der UMP an Les Républicains) |
Memberen: | 213.030 (2015)[1] |
Positionnement: | Riets a Mëtt-Riets |
Europäesch Affiliatioun: | Europäesch Vollekspartei |
Websäit: | www.republicains.fr |
Zoumaachen
Matt der Sozialistescher Partei (Parti socialiste) war si bis 2017 eng vun den zwou gréisste Partien am Land.