Louis II. vu Frankräich
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Louis II. genannt den Tuddeler, gebuer 846, gestuerwen 879 zu Compiègne, war deen eenzege Jong vum Charles II. dem Plakkapp, deen iwwerlieft hat.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Louis II. vu Frankräich | |
---|---|
Gebuer | 1. November 846 jul. |
Gestuerwen |
10. Abrëll 879 jul. Compiègne |
Aktivitéit | Monarch |
Famill | |
Bestuet mat | Ansgard vu Burgund, Adelheid vum Frioul |
Papp | Charles de Plakkapp |
Mamm | Irmentrud vun Orléans |
Geschwëster | Lothat de Schlammen, Charles III. vun der Aquitaine, Karlmann, Drogo, Pippin, Rothilde, Judith vu Flandern, Irmentrud, Hildegard, Gisla, Rotrude |
Kanner | Ludwig III., Carloman II., Karel den Eefalt, Ermentrud, Gisèle |
Zoumaachen
Am Februar 856, wéi säi Papp nach gelieft huet, gouf e Kinnek, woubäi e warscheinlech Neustrien krut; am Mäerz 867 krut en d'Aquitaine als Ënnerkinnekräich. Nom Doud vu sengem Papp, de 6. Oktober 877, gouf en de 7. September 878 vum Poopst Jean VIII. zu Troyes zum Kinnek gekréint. Mä schonn dat Joer drop ass en zu Compiègne gestuerwen, wou en och begruewe gouf.