Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Louis Charlemagne Joseph L'Évêque de la Basse-Moûturie, gebuer den 18. Abrëll 1784 a Frankräich zu Sin-le-Noble am Departement Nord,[1] gestuerwen u Cholera den 21. Juli 1849,[2] war e franséischen Auteur mat belschen Originnen,[3] deen zu Lëtzebuerg virun allem fir säi Wierk Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché vun 1844 bekannt ass.
Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie | |
---|---|
Gebuer | 18. Abrëll 1784 |
Gestuerwen | 21. Juli 1849 |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Dora beschreift hien d'Landschaften a Kuckeswäertes, dat en op sengem Tour duerch Lëtzebuerg gesinn oder gewise kritt huet, an och Seeërcher, déi en erzielt krut. Beschriwwe gëtt en Tour vun 3 Deeg, vun der Stad Lëtzebuerg op Tréier, woubäi deen heiten "Ëmwee" gemaach gëtt:
- 1. Dag: vun der Stad Lëtzebuerg op Dikrech (11 Meilen)[4]
- Trajet: Walfer, Luerenzweiler, Allënster, Miersch, Schëndels, Huelmes, Mariendall, Aansebuerg, Pëtten, Kruuchten, Colmer-Bierg, Biertreng, Schieren, Grenzen, Ettelbréck, Ierpeldeng, Dikrech.
- 2. Dag: vun Dikrech op Veianen (5 Meilen)
- Trajet: Këppenhaff, Branebuerg, Buerschent, Veianen.
- 3. Dag: Veianen-Tréier (10 Meilen)
- Trajet: Wallenduerf, Bollendorf, Bäerdref, Iechternach, Ernzen, Rouspert, Giischt, Bur, Giwenech, Igel, Tréier.
D'Buch ass haut eng intressant Quell (wann och net ëmmer 100 prozenteg akkurat) iwwer d'Land an der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Et gëtt ugeholl, de L'Évêque de la Basse-Moûturie hätt géint 1837 Lëtzebuerg en vue vun der Redaktioun vu sengem Buch duerchsträift.[5]
De L'Évêque de la Basse-Moûturie, deem säi Familljennumm ganz einfach "Leveque" (och nach "Levêque" oder "Lévêque" geschriwwen) war, krut 1821 duerch eng Ordonnance vum franséische Kinnek erlaabt, sech "Leveque de la Bassemouturie" ze nennen. De Leveque war deemools Kommandant vun der Gendarmerie vum Arrondissement vu Villeneuve-d'Agen am Lot-et-Garonne a Chevalier vun der Légion d'honneur (wat de "Chevalier" a sengem Auteursnumm erkläert).[1]
De L'Évêque de la Basse-Moûturie, dee mat der Catherine Charlotte Louise de la Barre (gebuer zu Lille, den 21. November 1779), bestuet war, hat véier Kanner, dorënner och de Louis Charlemagne Émile Désiré L'Évêque de la Basse-Moûturie, gebuer den 3. Juni 1820 zu Villeneuve d'Agen.[6]