Luxinnovation
From Wikipedia, the free encyclopedia
Luxinnovation ass eng national Agence fir d'Fërdere vun der Innovatioun an der Fuerschung an domat eng Ulafplaz fir déi Beräicher.
Séier Fakten Typ, Slogan ...
Luxinnovation | |
---|---|
Typ | Groupement d'intérêt économique |
Slogan | Making Innovation Happen |
Grënnungsdatum | 1984 |
Sëtz |
5, Avenue des Hauts-Fourneaux L-4362 Esch-Uelzecht |
Leedung |
Mario Grotz (President) Sasha Baillie (Direktesch) |
Produit | Fuerschung |
Homepage | www.luxinnovation.lu |
Zoumaachen
Luxinnovation gouf 1984 gegrënnt an 1998 gouf aus der Agence eng wirtschaftlech Interessevereenegung (Groupement d'intérêt économique, kuerz GIE), déi follgend sechs privat an ëffentlech Partner zu Lëtzebuerg verbënnt:
- Wirtschaftsministère
- Kulturministère
- Mëttelstandsministère
- Handelskummer
- Handwierkerkummer
- Fédération des industriels luxembourgeois
D'Zesummenaarbecht mat dësen Organisatiounen erlaabt et der Luxinnovation fir all de Secteure vun der lëtzebuergescher Wirtschaft hir Servicer unzebidden.