Secondairesschoul zu Iechternach From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée classique d'Echternach, kuerz LCE genannt, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Iechternach. Entgéint sengem Numm funktionéiert de Lycée net nëmmen als Classique, mä och als General.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée am fréieren Iechternacher Klouschter | |
Iechternacher Lycée (LCELCE) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General |
Land | Lëtzebuerg |
Leedung | Coryse Hubert |
Schülerzuel | 1.161 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 1841 |
Um Spaweck | https://www.lce.lu/ |
De Lycée ass am Gebai vun der fréierer Iechternacher Abtei.
De Willibrord, Grënner vun der Iechternacher Abtei, hat schonn 697 / 698 eng Schoul an der Abtei gegrënnt, sou datt den Iechternacher Lycée gär als eelst Schoul vum Land bezeechent gëtt[1].
1841 gouf de Progymnase d'Echternach gegrënnt, aus deem mam Gesetz vum 23. Juli 1848[2] d'École moyenne et industrielle d'Echternach ginn ass. D'Reform vun 1869 huet de Progymnase nees retabléiert[3], deen dann de 17. Abrëll 1900[4] zum Gymnase d'Echternach ginn ass.
Duerch den Arrêté grand-ducal vum 30. Juni 1945[5] krut d'Schoul dunn den aktuellen Numm Lycée classique d'Echternach.
Ursprénglech nëmme fir Jongen accessibel, ass de Lycée zanter 1969 och fir Meedercher op[6].
Zur Schoul gehéiert och en Internat.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Institution Saint-Willibrord.
Commons: Lycée classique d'Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.