Lëtzebuerger Militärmusek
Musekscorps vun der Lëtzebuerger Arméi / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuerger Militärmusek (op Franséisch: Musique militaire grand-ducale) ass deen eenzege Musekcorps (Fanfaren an Harmonien) am Land, deen nëmmen aus Beruffsmuseker besteet. Et handelt sech ëm en Total vu ronn 60 Museker. D'Militärmusek an hiren Dirigent stinn ënner dem direkte Kommando vum Chef vum État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi.