Lëtzebuergesch Auswanderung
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuergesch Auswanderung ass e wichtegt, vill kommentéiert Kapitel vun der lëtzebuergescher Geschicht. Wann an der Zäit vill Lëtzebuerger an d'Ausland ausgewandert sinn, fir an der Friemt en neit Heem ze fannen, dann hat dat eng Rei Ursaachen, déi sech mat der Zäit geännert hunn.
De Joseph Hess huet bei der lëtzebuergescher Auswanderung tëscht véier Wellen ënnerscheet:[Source?]
- d'Auswanderung a Siebenbürgen, deemools am Kinnekräich Ungarn, haut a Rumänien, tëscht 1141 an 1161;
- d'Auswanderung an de Banat vun Temesvár, deemools éisträichesch, haut tëscht Rumänien a Serbien opgedeelt, an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert;
- d'Auswanderung an Nordamerika tëscht 1850 an 1900;
- d'Infiltratioun (dat ass den Ausdrock, deen hie gebraucht) vu Lëtzebuerger a Frankräich an an der Belsch. Kuckt dozou och den Artikel Lëtzebuerger am Kongo.
Aner Forme vun neizäitlecher Expatriatioun sinn zanterhier derbäikomm:
- d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger Kënschtler an Intellektueller, déi do besser Méiglechkeeten hu fir hiren Aktivitéiten nozegoen;
- d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger, déi do Bauterrain fannen, dee se sech zu Lëtzebuerg net leeschte kënnen.