MS Queen Victoria
From Wikipedia, the free encyclopedia
MS Queen Victoria ass dat drëtt Schëff fir Croisièrë vun der Cunard-Linn, dat den Numm vun enger brittescher Kinnigin dréit. D'Konstruktioun ass am Joer 2007 bei der Fincantieri Werft zu Monfalcone (Italien) fäerdeg ginn, an d'Schëff ass zanter dem 11. Dezember 2007 am Déngscht. Domat si fir d'éischt an der traditiounsräicher Geschicht vun dëser weltbekannter Reederei dräi Schëffer gläichzäiteg am Déngscht, déi den Numm vun enger brittescher Kinnigin droen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
MS Queen Victoria | |
Karriär | |
---|---|
Bestallt: | 3. Dezember 2004 |
Ufank vum Bau: | 12. Mee, 2006 |
Stapellaf: | 10. Dezember, 2007 |
Gedeeft: | 10. Dezember, 2007 vun der Camilla, Duchess of Cornwall |
Éischt Rees: | 11. Dezember, 2007 |
Elo: | am Déngscht |
Allgemeng Karakteristiken | |
Tonnage: | 90.000 BRT |
Längt: | 294 m (954,5 ft) |
Breet: | 32.3 m (106 ft) |
Déifgang: | 8 m (26,2 ft) |
Héicht: | 62,5 m (205 ft) |
Motorleeschtung: | 2 x 16,7 MW Azipods |
Propulsioun: | 63.4 MW Sulzer ZA40 Diesel Motor |
Vitess: | 23,7 Kniet (43,9 km/h), |
Capacitéit: | 2.014 Passagéier 900 Offizéier an Equipage |
Deckzuel: | 16 total, 12 fir Passagéier |
Et huet kascht: | UK£ 270 Milliounen (apprx.) |
D'Herzogin vu Cornwall, d'Fra vum Krounprënz Charel, huet d'Schëff den 10. Dezember 2007 zu Southampton gedeeft. D'Dafzeremonie gëtt a Groussbritannien, der Traditioun no, vun enger Persoun vollzunn, déi an den Adelsstand erhuewe ginn ass.
D'„Queen Victoria“ huet 1007 Kabinne fir 2014 Passagéier. 86 % vun de Kabinne si Baussekabinnen, 71 % hunn en eegene Balcon.