![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e7/Bundesarchiv_Bild_146-2004-0061%252C_Marika_R%25C3%25B6kk.jpg/640px-Bundesarchiv_Bild_146-2004-0061%252C_Marika_R%25C3%25B6kk.jpg&w=640&q=50)
Marika Rökk
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Marika Rökk, gebuer den 3. November 1913 zu Kairo a gestuerwen de 16. Mee 2004 zu Baden an Nidderéisträich, war eng däitsch-éisträichesch Filmschauspillerin, Sängerin an Dänzerin vun ungareschen Originnen.
Marika Rökk | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Marie Karoline Rökk |
Gebuer |
3. November 1913 Kairo |
Gestuerwen |
16. Mee 2004 Baden |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Ungarn, Däitscht Räich, Däitschland, Éisträich |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger, Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Georg Jacoby |
![]() |
Nodeems se e puer Joer laang a Frankräich, den USA, an an England als Sängerin an Dänzerin a Varietéstécker an och Filmer opgetrueden ass, gouf se 1934 vun der UFA engagéiert a war dann an den nächste Joren, dacks ënner der Regie vun hirem Mann Georg Jacoby, eng vun de gréisste Filmstaren an Däitschland.
Nom Krich krut si, well se sech eppes ze gutt mat den Nazien "arrangéiert" hat, e puer Joer verbueden, a Filmer opzetrieden. Si konnt dann awer no 1948 weider a Filmer nom selwechte Schema wéi virdrun, dorënner och e puer mat hirem fréiere Filmpartner Johannes Heesters an der Haaptroll, spillen. Bis 1986 war si als Schauspillerin, Operettesängerin an Dänzerin aktiv.