Max Beckmann
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Max Carl Friedrich Beckmann, gebuer den 12. Februar 1884 zu Leipzig a gestuerwen de 27. Dezember 1950 zu New York, war en däitsche Moler, Grafiker, Sculpteur, Auteur an Héichschoul-Enseignant. De Beckmann huet en eegene Stil entwéckelt, deen op der Molerei vum 19. Joerhonnert baséiert, an och der konschgeschichtlecher Traditioun, an deen, anescht wéi vill aner modern Moler vu senger Zäit (Matisse, Picasso oder Kandinsky), net abstrakt, mä figurativ gemoolt huet, mat dacks staarke Konturen, ouni awer all ze realistesch ze sinn.
Max Beckmann | |
---|---|
Gebuer |
27. Februar 1884 Leipzig |
Gestuerwen |
27. Dezember 1950 New York |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Bauzeechner, Graveur, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Illustrateur |
Member vun | Bayerische Akademie der Schönen Künste, Berliner Secession |
Hie war ufanks Moler vun der Berliner Sezessioun, huet dës awer geschwënn nees verloooss a baussent vu Kollektiver geschafft. Am Eischte Weltkrich war hien Infirmier, a krut 1915 en Nervekollaps. D'Brutalitéit vum Krich fënnt sech och an de graffe Lithographië vun deemools erëm.
Nom Krich huet hien nieft der Molerei och Theaterstécker a Gedichter geschriwwen. 1924 ghuet hie sech no der Trennung vu senger éischter Fra fir d'zweet bestuet, mat der Mathilde, genannt Quappi, déi eng vun den am dackste gemoolten a -gezeechente Fraen an der Konschtgeschicht sollt ginn. Enn vun den 1920er Jore war hien an Daitschland e Moler vu grousser Renomée. Ënner der Naziherrschaft war et séier domat eriwwer; en huet seng Plaz als Enseignant op der Frankfurter Städelschule verluer, a seng Molerei gouf als ["[entartete Kunst|entartet]]" apostrophéiert. 1938 ass hien an den Exil op Amsterdam gaangen, wou en den Zweete Wetkrich iwwer bliwwen ass.
1947 krut hien a seng Fra e Visa fir d'Vereenegt Staate vun Amerika. Hien huet do op der Art School vun der Washington University zu St. Louis enseignéiert, an hat do am Saint Louis Art Museum eng grouss Retrospektiv. 1949 krut hien eng Professur op der Art School vum Brooklyn Museum zu New York. Do ass en Enn 1950 duerch en Häerzinfarkt, matzen op der Strooss, stënterlech gestuerwen.