Max Delbrück
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Max Ludwig Henning Delbrück, gebuer de 4. September 1906 zu Berlin a gestuerwen den 9. Mäerz 1981 zu Pasadena, Kalifornien, war en däitschen, vun 1945 un US-amerikanesche Geneetiker, Biophysiker an Nobelpräisdréier. Hien huet mat dozou bäigedroen, datt Molekularbiologie erfuerscht soll ginn, an huet vum Enn vun den 1930er Joren u Physiker dozou bruecht, sech fir Biologie z'intresséieren (wat deemools streng ofgetrennten Disziplinne waren), absënns fir d'Grondlagefuerschung vun de Genen, vun deenen deemools net villes gewosst war.
Max Delbrück | |
---|---|
Gebuer |
4. September 1906 Berlin |
Gestuerwen |
9. Mäerz 1981 Pasadena |
Nationalitéit | Däitschland, USA |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Geneetiker, Universitéitsprofesser, Physiker, Virolog, Biophysiker, Astrophysiker, Molekularbiolog |
Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, European Molecular Biology Organization, National Academy of Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Mary Adeline Delbrück |
Papp | Hans Delbrück |
Mamm | Lina Thiersch |
Geschwëster | Emmi Bonhoeffer |
Kanner | Tobias Delbruck |
Hien huet 1945 mam Salvador Luria an dem Alfred Hershey d'Phage Group op d'Bee gesat, déi en och geleet huet, an en huet sou wichteg Aspekter vun der Physiologie vun den Zelle entdeckt. Déi dräi hunn dann och 1969 zesummen den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin kritt "fir hir Entdeckungen iwwer de Vermehrungsmechanismus an d'geneetesch Struktur vu Viren"[1].