Merlin
Legendär Figur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Merlin (oder op Walisesch Myrddin) ass e mytheschen Zauberer, deen d'Metamorphos beherrscht, d'Naturelementer an d'Déiere commandéiere kann, a sech ganz besonnesch dem Bësch verbonne fillt.
Séier Fakten Geschlecht, Aktivitéit ...
Merlin | |
---|---|
De Merlin beim Diktéiere vu senge Gedichter, fr. Buchmolerei aus dem 13. Jh. | |
Geschlecht | männlech |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Zauberer, Relioun vun de Kelten, Prophéit, Alchimist, Zauberkënschtler |
Zoumaachen
De Fong vu senger Seeche kënnt aus der keltescher Mythologie a bezitt sech op en Druid. Richteg bekannt gouf en awer eréischt wéi e vum Geoffrey vu Monmouth an d'Artusseechen ageflecht gouf, a sou zu enger vun deene wichtegsten erfonntene Figuren aus der mëttelalterlecher Literatur gouf.