Mesosphär
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mesosphär (vu mésē "Mëtt" a sphaíra "Kugel") ass déi mëttelst vun de fënnef Schichte vun der Äerdatmosphär souwéi en Deel vun der Ionosphär a vun der Homosphär.
D'Mesosphär ass ofgegrenzt:
- zu der Äerd hin duerch d'Stratopaus (an ongeféier 50 km Héicht) vun der Stratosphär
- no uewen duerch d'Mesopaus (an 80 bis 90 km Héicht) vun der Thermosphär.
D'Mesosphär reecht also ongeféier vu 50 km bis 85 km Héicht.
Wa Meteoren op d'Äerd stierzen, verglouse si meeschtens an der Mesosphär, dat gesi mir dann als Stäreschnäizen.