Meteora (Album)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Meteora ass den Titel vum zweete Studiosalbum vun der amerikanescher Rockband Linkin Park. E gouf de 25. Mäerz 2003 verëffentlecht an ass de Successeur vun hirem Debütabum Hybrid Theory an dem Kollaboratiounsalbum Reanimation. Am ganzen huet den Album fënnef Singleauskopplungen ervirbruecht: Somewhere I Belong, Faint, Numb, From the Inside a Breaking the Habit. Donieft gouf Lying from You als promotionell Single verëffentlecht. Meteora ass nom griicheschen orthodoxe Klouschterkomplex mam selwechten Numm benannt.
Séier Fakten Studioalbum[*] vun Länke Paak, Erauskomm ...
Meteora | |
---|---|
Studioalbum[*] vun Länke Paak | |
Erauskomm | 25. Mäerz 2003 |
Genre | Nu Metal, Rap Metal[*], Alternative Rock |
Längt | 2.195 sec. |
Label | Warner Bros. Records[*] |
Produzent | Don Gilmore[*] |
Offiziell Websäiten | |
Zoumaachen
Bis 2013 goufe weltwäit iwwer 16 Milliounen Exemplaire verkaaft. Den Album stoung a ville westleche Länner op Plaz Eent vun den Albumcharts, dorënner an den USA, a Groussbritannien an an Däitschland.