Microsoft Windows
Wikimedia-Kategorie / From Wikipedia, the free encyclopedia
Microsoft Windows ass e Markennumm fir Betribssystemer vun der Firma Microsoft. Déi éischt Versioun vu Microsoft Windows koum 1985 op de Maart a war grad wéi déi nächst Versiounen och eng einfach graphesch Erweiderung vum Betribssystem MS-DOS. Mëttlerweil huet Windows d'DOS Fundament awer komplett verlooss a baut op en eegene Kernel op.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e2/Windows_logo_and_wordmark_-_2021.svg/220px-Windows_logo_and_wordmark_-_2021.svg.png)
Den 23. Juni 2006, op Nationalfeierdag also, huet Microsoft déi lëtzebuergesch Versioun vu Windows an Office op hirer Internetsäit virgestallt. D'Iwwersetzungsaarbechte goufe vum lëtzebuergesche Linguist Jérôme Lulling superviséiert.