President vu Kuba From Wikipedia, the free encyclopedia
De Miguel Mario Díaz-Canel Bermúdez, gebuer den 20. Abrëll 1960 zu Placetas, ass e kubanesche Politiker an zanter dem 19. Abrëll 2018 deen 19. President vu Kuba.
Miguel Díaz-Canel | |
---|---|
Gebuertsnumm | Miguel Mario Díaz-Canel Bermúdez |
Gebuer |
20. Abrëll 1960 Placetas |
Nationalitéit | Kuba |
Educatioun | Universidad Central Marta Abreu de las Villas |
Aktivitéit | Ingenieur, Lecteur, Politiker |
Partei | Kommunistesch Partei vu Kuba |
Virdru war hien, vun 2013-2018, Éischte Vizepresident vum kubanesche Staatsrot a vum Ministerrot.Hien ass zanter 2003 Member vum Politbüro vun der kommunistescher Partei vu Kuba (PCC), a war tëscht Mee 2009 a Mäerz 2012 Héichschoulminister.
Den 18. Abrëll 2018 gouf hien als den Nofollger vum Raúl Castro, zum President vum Staatsrot a vum Ministerrot (an domat zum Staatspresident) designéiert an den Dag drop vereedegt. Den 19. Abrëll 2021 gouf hien zousätzlech zum Éischte Sekretär vun der PCC gewielt.
Hien ass Elektroingenieur vu Formatioun.
Hien ass fir d'zweet bestuet an huet zwee Kanner vu senger éischter Fra.
Commons: Miguel Díaz-Canel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.