Monolith
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Begrëff Monolith (griich. mono - eenzel~ a lithos - Steen) heescht souvill wéi "Eesteen". Bezeechent ginn domat gréisser Natursteng, wéi z. B. den Ayers Rock (Uluru) an Australien oder soss Objeten, déi aus engem Stéck bestinn.
A bestëmmte Reliounen a Kulturen hu monolithesch Steng dacks eng reliéis oder kultesch Bedeitung.
Déi dräi gréissten natierlech Monolithe sinn:
- Mount Augustus an Australien;
- Uluru (Ayers Rock), am Outback an Australien;
- Stone Mountain, bei Atlanta, Georgia, USA.
An der anticker Konscht ginn och déi Statuen, déi aus engem Stee gehae sinn, monolithesch genannt.