Molvange
franséisch Uertschaft, fréier Gemeng / From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi kleng Uertschaft Molvange (och Molweng oder Muelweng) ass e Nopeschduerf vun Escherange am Departement Moselle a Loutrengen.
Méi Informatiounen Molvangelb: Muelweng, Arrondissement ...
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Déi al Millen nieft der Diddelengerbaach | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Diddenuewen | ||||
Kanton | Yutz | ||||
Gemeng | Escherange | ||||
Koordinaten | 49° 25’ 24’’ N 06° 04’ 48’’ O |
Zoumaachen
Am Joer 1811 ass Molvange an d'Gemeng Escherange opgeholl ginn.
Molvange läit um hallwe Wee tëscht Escherange a Volmerange-les-Mines op der Departementale D58.
Den Uert, gehéiert zum Arrondissement Diddenuewen. An der Mëtt vum Duerf geet et eng Kopp erop, wou eng kleng Kapell, déi dem hellege Willibrord geweit ass, steet. Donieft ass, wéi een um Bild gesäit, och e klenge Kierfecht.
D'Maginot-Linn ass zu Muelweng an zu Eeschereng nach ëmmer een aktuellt Theema.