Husni Mubarak
egyptesche Politiker an Offizéier, fréiere President vun Egypten / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Muhammad Husni Mubarak (arabesch: محمد حسني مبارك), gebuer de 4. Mee 1928 zu Musaliha, an der Provënz al-Minufiyya, a gestuerwen de 25. Februar 2020 zu Kairo, war en egypteschen Offizéier a Politiker. Hie war bal 30 Joer laang Staatspresident vun der Arabescher Republik Egypten, ier en als Folleg vun de Protester vum Arabesche Fréijoer 2010/11, huet missen zerécktrieden.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Husni Mubarak | |
---|---|
Gebuer | 4. Mee 1928 |
Gestuerwen |
25. Februar 2020 Kairo |
Nationalitéit | Egypten |
Educatioun | Egyptesch Militärakademie |
Aktivitéit | Politiker, Pilot, Militär |
Partei | Nationaldemokratesch Partei, Arabesch Sozialistesch Unioun |
Zoumaachen