Nationalreservat Los Flamencos
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nationalreservat Los Flamencos (es.: Reserva nacional Los Flamencos) besteet aus enger Grupp vun Naturreservaten an der Gemeng San Pedro de Atacama an Nord-Chile. Dobäi handelt et sech ëm wichteg Landschaften a Biotope an der Atacamawüst. Si si fir nohaltegen Tourismus zougänglech, iwwerdeems s'ënner Naturschutz stinn.
Los Flamencos gehéiert zum "nationale System vun de staatlech geschützte Wëllflächen" (spuen. Sistema Nacional de Áreas Silvestres Protegidas por el Estado) a gëtt vun der chileenescher Bëschverwaltung Corporación Nacional Forestal (CONAF) administréiert.
Déi siwen Zone vum Reservat, déi raimlech vunenee getrennt sinn, hunn zesummen eng Surface vu 709 km2, wat 3 % vun der Gemeng San Pedro de Atacama ausmécht. Si bestinn aus regional typesche Wüstelandschaften a Fiichtbiotope mat enger interessanter Flora a Fauna. Am Reservat goufen 112 verschidden Aarte vu Vullen, Reptilien, Amphibien a Mamendéiere gezielt, dorënner 3 Flamingo-Aarten, déi dem Reservat säin Numm ginn hunn.