Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Kollaboratioun mat Nazidäitschland gouf et zu Lëtzebuerg grad sou gutt wéi an deenen anere Länner, déi vum Drëtte Räich an der Zäit vum Zweete Weltkrich besat waren. Si war allerdéngs vun der Zuel hier begrenzt.
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mëtt 1945 souze 5.101 Lëtzebuerger, dorënner 2.857 Männer an 2.244 Fraen, dat waren 1,79 Prozent vun der Bevëlkerung, wéinst hirer politescher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateure goufen zum Doud verurteelt an am Kasärenhaff, respektiv um Schéissstand am Reckendall, erschoss, 249 goufen zu Zwangsaarbecht verurteelt, 1366 zu Prisongs- a 645 zu Zuchthausstroofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also geriichtlech bestrooft.
Dobäi war een eenzege fréiere Minister, de Staatsminister Pierre Prüm, deen 1946 zu véier Joer Prisong verurteelt gouf. Op d'mannst ee Buergermeeschter gouf wéinst politeschen Aktivitéiten de 4. Abrëll 1945 duerch Arrêté grand-ducal ofgesat.[1]
Ausser fir hir politesch Aktivitéit, hate si sech och fir hir Aktioune géint Judden, de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéiert a fir d'Bespëtzelung vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntweren.