From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Niels-Henning Ørsted Pedersen (NHØP), gebuer de 27. Mee 1946 zu Osted an Dänemark, a gestuerwen den 19. Abrëll 2005 zu Ishøj, war en däneschen Jazz-Kontrabassist.
Niels-Henning Ørsted Pedersen | |
---|---|
Gebuer | 27. Mee 1946 |
Gestuerwen | 19. Abrëll 2005 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Dänemark |
Aktivitéit | Komponist, Jazzmuseker, Universitéitsprofesser, Discographesche Kënschtler, Kontrabassist |
Nodeem den Ørsted Pedersen 6 Joer Piano geléiert hat, huet en ugefaangen, Kontrabass ze spillen.
Am Alter vu 16 Joer krut e vum Count Basie eng Offer, fir an deem sengem Orchester ze spillen. Mä hien huet sech entscheet, fir en Engagement am Kopenhagener Jazzklub Montmartre Jazzhuset opzetrieden a gouf Member vum dänesche Radiosorchester.
Vun der Zesummenaarbecht vum NHØP mam schweedeschen Jazz-Gittarist Ulf Wakenius huet de Label Verve e puer Placken erausginn.
Commons: Niels-Henning Ørsted Pedersen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.