Niobe
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Niobe war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Tantalos an Dione. Si war d'Fra vum Amphion, dem Kinnek vun Theben. Well si sou houfreg iwwer hir 7 Jongen a 7 Duechtere war huet si d'Gëttin Leto verspott, déi just zwee Kanner, den Apollo an d'Artemis hat. Mä déi zwee hunn hir Mamm gerächt andeems s'all d'Kanner vun der Niobe ëmbruecht hunn. D'Niobe ass vun Trauer a Péng verstengert an als Fiels an hir lydesch Heemecht zeréck versat ginn.
![]() |
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |