Ofschlossdäich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ofschlossdäich (Hollännesch: Afsluitdijk) ass e groussen, 32 Kilometer laangen Däich an Holland deen tëscht 1927 an 1933 gebaut gouf. E verbënnt Wieringen an der Provënz Nordholland mat Súdwest-Fryslân an der Provënz Friesland. Et ass dat gréisst Bauwierk vun den Aarbechten an der Zuiderzee, déi ënner dem Waasserbauingenieur Cornelis Lely deen déizäit och Transport- a Waasserbauminister war, realiséiert goufen.
Séier Fakten Land, Plaz ...
Land | Holland |
---|---|
Plaz |
Wieringen Súdwest-Fryslân |
Zoulaf |
IJsselmeer gefieddert vun: • Rhäin iwwer verschidden Äerm • Overijsselse Vecht iwwer d'Zwarte Water an de Ketelmeer • Eem • Hierdense Beek • Amstel |
Auslaf | Nordmier |
Koordinaten | 53°0'N, 5°10'O |
Datum vum Bau | 1927 - 1932 |
A Betrib geholl | 1933 |
Typ | Gewichtsdamm |
Héicht (iwwer Waasserniveau) | ~ 10,00 m |
Längt | 32 000 m |
Breet op der Kroun | 90 m |
Breet op der Basis | 190 m |
Baseng | |
Héicht | -0,3 |
Fläch | 110 000 ha |
Zoumaachen
Mam Bau vum Däich gouf d'Zuiderzee, e fréiere Golf am Nordmier, vun dësem ofgetrennt, an huet sech an e Séisswaasserséi verwandelt, deen ewell IJsselmeer heescht.