Olympesch Summerspiller 1996
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Olympesch Summerspiller 1996, offiziell Spiller vun der XXVI. Olympiad, goufe vum 19. Juli bis de 4. August 1996 zu Atlanta am US-amerikanesche Bundesstaat Georgia organiséiert.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Spiller vun der XXVI. Olympiad, Maskottchen ...
Spiller vun der XXVI. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Maskottchen | Izzy |
Land | USA |
Stad | Atlanta |
Ufanksdatum | 20. Juli 1996 |
Schlussdatum | 5. August 1996 |
opgemaach vum/vun der | Bill Clinton |
Olympeschen Eed | Teresa Edwards, Hobie Billingsley |
Olympesch Fakel | Mohamed Ali |
Kompetitiounen | 271 an 26 Sportaarten |
Ekippen | 197 |
Athleeten | 10.318 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1992 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 2000 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/atlanta-1996 |
Zoumaachen
D'100-Joer-Feier vun den Olympesche Spiller vun der Neizäit ware gelungenerweis net zu Athen, mä zu Atlanta organiséiert ginn. Et gëtt ugeholl, datt den IOK mat dëser Decisioun dem Haaptsponsor Coca-Cola (dee säi Sëtz zu Atlanta huet) e Cadeau maache wollt.
Beachvolleyball, Mountainbiking, Liichtgewiicht Rudderen a Fraefoussball goufen als Olympesch Sportaarten unerkannt.
De 27. Juli ass nieft den Haapt-Areenaen, am Centennial Olympic Park, eng Bomm explodéiert. Beim Attentat sinn zwou Persounen ëmkomm, 110 goufen der blesséiert.