From Wikipedia, the free encyclopedia
Den engleschen Ausdrock Open Source fir Oppene Quellecode gëtt meeschtens fir Computer-Software benotzt, a wëll ausdrécken datt jiddwereen de Quelltext vu sou Programmer kucken, veränneren a weidergi kann.
Et gëtt verschidde Lizenzmodeller, vun deenen déi follgend zu deene bekanntste gehéieren:
Fräi Software ass esou gutt wéi dat selwecht wéi eng Open-Source-Software, a bal all Open-Source-Software ass fräi Software. Den Haaptënnerscheed leit an der Ideologie hannert den zwee Konzepter. Open Source ass eng Entwécklungsmethod an hannert der fräier Software steet eng Sozialbeweegung. Fir déi Beweegung ass d'fräi Software eng eethesch Mussesaach, wëll nëmmen déi fräi Software de Benotzer hir Fräiheet géif garantéieren. D'Philosophie hannert Open Source dogéint këmmert sech nëmme mat der praktescher Fro, wéi een eng Software verbessere kann. Deemno wier net-fräi Software (proprietär Software) eng suboptimal Léisung. Fir d'Fräi-Software-Beweegung dogéint ass déi net-fräi Software e soziale Problem an d'Beweegen a Richtung fräi Software wier d'Léisung.[1][2]
Software, déi fräi an Open Source ass, gëtt als Fräi an Open-Source-Software bezeechent.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.