![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/bf/Tarantula_nebula_detail.jpg/640px-Tarantula_nebula_detail.jpg&w=640&q=50)
Oppene Stärekoup
From Wikipedia, the free encyclopedia
Een oppene Stärekoup (oder e galaktesche Koup) ass eng Usammlung vun zwanzeg bis e puer dausend Stären. D'Stären entstinn aus der selwechter Risemoleküllwollek. Hir Konzentratioun am Koupzentrum ass relativ kleng. Trotzdeem hiewe si sech däitlech vum Stärenhannergrond of. Konzentréiert Usammlunge vu Stäre ginn als Kugelstärekoup bezeechent. Oppe Stärekéip fënnt een nëmmen an enger Spiralgalaxie- oder enger Irregulärer Galaxie, an deene Stären entstinn. Si si seele méi al wéi e puer honnert Millioune Joer, well si ginn duerch Zesummenstéiss mat anere Stärekéip oder Gaswolleken zerstéiert.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/bf/Tarantula_nebula_detail.jpg/640px-Tarantula_nebula_detail.jpg)
Jonk oppe Stärekéip kënnen ëmmer nach an der Moleküllwollek sinn, aus där si entstane sinn. Dës ginn doduerch opgehellt an et entsteet en H-II-Gebitt. Dogéint féiert de Stralendrock vun de Stären dozou, datt d'Moleküllwollek zerstreet gëtt. Fir gewéinlech ginn 10 % vun der Gaswollekemass fir d'Stäregebuerte benotzt, nach ir de Stralungsdrock de Rescht zerstreet.
Fir d'Ënnersiche vun der Stäregebuert sinn oppe Stärekéip ganz wichteg Objeten. De Grond heifir läit doran, datt d'Stären all ongeféier de selwechten Alter an déi selwecht cheemesch Zesummesetzung hunn. Sou fale kleng Ënnerscheeder vun den Eegenschafte méi séier op, wéi wann een nëmmen isoléiert Stäre kuckt.