![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/6/60/Papperlapapp.jpg/640px-Papperlapapp.jpg&w=640&q=50)
Papperlapapp
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Papperlapapp ass eng Zäitschrëft fir Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten déi an der Branche (Altersstuf) AvEx sinn. Se kënnt 3-mol am Joer eraus. Dës Publikatioun huet 28 Säiten a gëtt zum Deel vun de Memberen / Jugendleche matredigéiert. D'Ausgab vum Januar 2006 hat eng Oplo vun 1340 Stéck.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/6/60/Papperlapapp.jpg/640px-Papperlapapp.jpg)
Rubricken déi am Paperlapapp enthale sinn:
- Wéi dann? (En nodenklechen Text, Artikel oder eng Foto)
- Papperlatip (gutt Rotschléi fir Bastelen, Kachen, Sangen a wat soss nach bei de Guiden a Scouten ufält)
- Papperlanet (Rubrik iwwer Internet an Tools rondrëm dat weltwäit Netz)