![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2a/Paul_Dukas_01.jpg/640px-Paul_Dukas_01.jpg&w=640&q=50)
Paul Dukas
franséische Komponist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Dukas, gebuer den 1. Oktober 1865 zu Paräis an och do de 17. Mee 1935 gestuerwen, war e franséische Komponist vu klassescher Musek. Hien ass bekannt fir säi sinfonescht Gedicht L'Apprenti sorcier (nom Goethe sengem Gedicht Der Zauberlehrling), mä huet och ë. a. eng Oper, Ariane et Barbe-Bleue komponéiert, eng Sinfonie, eng Pianossonat an ee Ballet, La Péri. Eng jett aner Kompositioune sinn net fäerdeg ginn, well den Dukas, dee ganz streng an exigent mat sech selwer war, net zefridde mam Resultat war.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Paul Dukas | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Paul Abraham Dukas |
Gebuer |
1. Oktober 1865 1. Arrondissement vu Paräis |
Gestuerwen |
17. Mee 1935 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Paräisser Conservatoire |
Aktivitéit | Komponist, Choreograph, Pedagog, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist |
Member vun | Académie des beaux-arts |
![]() |
Zoumaachen
De Paul Dukas war och Musekskritiker, a géint Enn vu sengem Liewe Professer fir Kompositioun um Conservatoire de Paris an an der École Normale de Musique.