Pearl S. Buck
US-amerikanesch Schrëftstellerin an Literaturnobelpräisdréierin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pearl S. Buck (chineesesch: 賽珍珠; "Sài Zhēnzhū"), Pseudonym: John Sedges, gebuer als Pearl Sydenstricker de 26. Juni 1892 zu Hillsboro a West Virginia a gestuerwen de 6. Mäerz 1973 zu Danby, Vermont) war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin an Literaturnobelpräisdréierin.
Pearl S. Buck | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pearl Comfort Sydenstricker |
Pseudonym | John Sedges |
Gebuer | 26. Juni 1892 |
Gestuerwen | 6. Mäerz 1973 |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Cornell University, Randolph–Macon College |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Romancier, Autobiograph, Mënscherechtler, Dréibuchauteur, Journalist, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Missionnaire, Prosaist |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, Phi Beta Kappa |
Si huet, mat Ënnerbriechungen, bis 1934 a China gelieft, wou hir Eltere Missionnairë waren, a wou si hiren éischte Mann, den John Lossing Buck, bestuet huet.
D'Pearl S. Buck gouf 1938 "fir hir räich a wierklech eepesch Beschreiwunge vum chineesesche Liewen um Land a fir hir biographesch Meeschterwierker" mam Nobelpräis fir Literatur ausgezeechent. Sechs Joer virdrun hat se scho fir hire Roman The Good Earth, deen 1931 erauskoum, de Pulitzer-Präis kritt.
Si huet 80 Wierker a fënnef Romaner ënner dem Pseudonym John Sedges publizéiert.