lëtzebuergesche Professer From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Biermann, gebuer den 8. Abrëll 1901 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 19. September 1981 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Professer, Schrëftsteller a Publizist. Hien huet och ënner follgend Pseudonyme geschriwwen: Peter Forsch, Thomas Scharff, N. Stich, Ernest Morning, Graukopf.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Professer, Schrëftsteller a Publizist Pierre Biermann. Fir den Architekt an Historiker (1842-1908), kuckt wgl. Jean-Pierre Biermann. |
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pierre Biermann | |
---|---|
Gebuer |
8. Abrëll 1901 Gréiwemaacher |
Gestuerwen |
19. September 1981 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Publizist, Lycéesprofesser |
No senger Première (1920) am Stater Kolléisch huet de Pierre Biermann Philologie a Philosophie zu Lëtzebuerg op de Cours supérieurs, an an Däitschland studéiert. Duerno huet hien als Enseignant am Landerziehungsheim Haubinda an Thüringen geschafft.
No sengem Stage pédagogique am Stater Kolléisch an enger Zäitchen am Dikrecher Kolléisch huet hien duerno bis zu senger Pensioun (1961) Latäin, Philosophie a Geschicht am Stater Kolléisch enseignéiert. Am Kader vu sengem Stage hat hien eng Histoire de l'enseignement de philosophie au degré secondaire dans l'Université de France (1928; 90 S.) verfaasst.
1941, ënner dem Nazi-Regime, gouf hien op Düsseldorf versat, koum dat selwecht Joer an de Prisong zu Tréier, an duerno an d'Konzentratiounslageren zu Hinzert, Natzweiler a Buchenwald.
No der Liberatioun huet hien am Optrag vun der Regierung ee Joer zu Genf an der École internationale geschafft, dat en vue vun der Verbesserung vun der pedagogescher a moralescher Situatioun vun der krichsgeschiedegter Lëtzebuerger Jugend.
A sengem autobiographeschen Text vun 1968 beschreift de Pierre Biermann säi Liewenswee vum antiklerikale Fräidenkertum iwwer de liberalen Humanismus, den Antifaschismus a Kommunismus, bis zu sengem parteilosen Engagement fir d'Vëlkerverstännegung an déi reliéis Toleranz.
Commons: Pierre Biermann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.