![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c0/Lunar_libration_with_phase2.gif/640px-Lunar_libration_with_phase2.gif&w=640&q=50)
Pole vum Äerdmound
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nord- an de Südpol vum Äerdmound sinn d'Ennpunkte vun der Rotatiounsachs vun eisem Äerdtrabant an hunn déi selenographesch Breet +90° respektiv -90°.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c0/Lunar_libration_with_phase2.gif/320px-Lunar_libration_with_phase2.gif)
Vun der Äerd aus erschénge se net genee um Rand vum Mound, mä duerch eng periodesch Richtungsschwankung („Libratioun an der Breet“) jee ënner engem ganz flaache Wénkel vu maximal 6,7°. An der Ëmgéigend vum Südpol si méi Bierger wéi um Nordpol. D'Kraterränner an d'Héichten op béide Moundpole si bal ëmmer am Sonneliicht, woufir si vu fréiere Selenographe wéi den Hieronymus Schröter an de Johann Mädler, Bierger vum éiwege Liicht genannt goufen.
De Grond fir dëse Phenomeen ass, datt d'Rotatiounsachs vum Mound – anescht wéi déi vun der Äerd – bal riicht op sengem Bunnplang steet. Och zu de Pole vun der Ekliptik steet se nëmmen an enger Schréi vu ronn 1,5° (bei der Äerdrotatioun sinn et 23,4°), soudatt d'Ëmgéigend vun de Moundpolen ëmmer vum Sonneliicht gesträift gëtt.
Weider besonnesch um Mound ass seng gebonne Rotatioun: hie weist der Äerd bal ëmmer déi selwecht Säit, well seng Rotatiounsdauer mat der Ëmlafzäit (Mountlängt) zesummenfällt. Schonn am 19. Joerhonnert gouf dofir gemengt, datt de Masseschwéierpunkt vum Mound net mam Figuremëttelpunkt (Zentrum vun der Moundkugel) iwwerenee stëmmt. D'Miesunge vu verschiddene Moundsonden hunn déi Hypothees confirméiert: Déi béid Punkten hunn en Ofstand vu knapps 2 km, wat bei der neier Definitioun vn de selenographesche Koordinaten ze beuechte war.