Polefeldzuch
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat dem Polefeldzuch – dat heescht, mat dem Iwwerfall op Polen – huet dat vum Nationalsozialismus regéiert Däitschland den Zweete Weltkrich an Europa ausgeléist. De Feldzuch ass den 1. September 1939 ouni Krichserklärung mam Iwwerfall op d'Westerplatte a gläich drop mat der Invasioun vu Polen duerch déi däitsch Wehrmacht a slovakesch Truppen ugaangen. En ass de facto de 6. Oktober mat der Kapitulatioun vun de leschte polnesche Feldtruppen op en Enn gaangen. Déi polnesch Regierung ass awer an den Exil gaangen an huet selwer ni kapituléiert.
Den 3. September hu Frankräich a Groussbritannien opgrond vun hire vertraagleche Verpflichtungen, bei engem Iwwerfall de Pole bäizestoen, Däitschland de Krich erkläert. Frankräich a Groussbritannien konnten awer dunn net direkt agreifen, a Polen net onmëttelbar militäresch bäistoen.
Als Folleg vun engem geheimen Zousazprotokoll zum Hitler-Stalin-Pakt vum 24. August 1939, deen eng Opdeelung vun de béidsäitegen Interessegebidder virgesinn hat, ass de 17. September och déi Rout Arméi an Ostpolen amarschéiert.
Am Laf vum Polekrich an duerno hu sech déi däitsch Sécherheetspolice an och d'Wehrmacht duerch bluddeg Repressiounen a masseweis Ermuerdunge vu polneschen Intellektuellen, Paschtéier, Gewerkschaftler, Adlegen a Judde schëlleg gemaach.