![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c6/Attica_06-13_Athens_50_View_from_Philopappos_-_Acropolis_Hill.jpg/640px-Attica_06-13_Athens_50_View_from_Philopappos_-_Acropolis_Hill.jpg&w=640&q=50)
Polis
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Pólis (πόλις, Plural: póleis) war en anticke griichesche Stadstaat (de.: Stadtstaat, fr.: cité-état). De Géigesaz vun der Polis war den Ethnos, de sougenannte "Stammesstaat".
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c6/Attica_06-13_Athens_50_View_from_Philopappos_-_Acropolis_Hill.jpg/640px-Attica_06-13_Athens_50_View_from_Philopappos_-_Acropolis_Hill.jpg)
Déi antik griichesch Stad war virun allem duerch eng zentral Plaz geprägt, d'Agora. Dës war de Mëttelpunkt vum sozialien, kulturellen a wirtschaftleche Liewen. Vun der Agroa ass e gläichméissege Stroossegrondrëss ausgaangen, dee sech u Rechtecken a Quadrater orientéiert huet. An der griichescher Stad gouf et eng kloer Trennung vu Funktiounen, dat heescht, déi eenzel Rechtecker goufen a Funktiounen agedeelt, zum Beispill als Wunngebitt, als Handelsgebitt, oder als Baufläch fir en Theater. Ëm d'Stad stoung eng Stadmauer, déi jee no Lag a Bedeitung vun der Stad ënnerschiddlech befestegt war.
Duerch d'Kolonisatioun gouf de griichesche Stadtyp an Egypten, un d'Schwaarzt Mier, op Sizilien, an Italien an a Südfrankräich gedroen.