Pompjeeën
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pompjeeë sinn eng Hëllefsorganisatioun, där hir Aufgab dora besteet, bei Bränn, Accidenter, Iwwerschwemmungen an an änleche Situatiounen Hëllef ze leeschten, d. h., Mënschen, Déieren an Objeten ze retten, ze schützen an ze biergen. Haaptaufgab ass awer d'Rettung, déi prioritär zu allen aneren Aufgabe steet.
Méi Informatiounen Noutruffnummer vun de Pompjeeën ...
Noutruffnummer vun de Pompjeeën | |
---|---|
Lëtzebuerg | 112 |
Daitschland | 112 |
Frankräich | 112 |
Zoumaachen
Méi Informatiounen Aarten ...
Aarten |
---|
Beruffspompjeeën |
Fräiwëlleg Pompjeeën |
Betribspompjeeën |
Wierkspompjeeën |
Jugendpompjeeën |
Zoumaachen
Doduerch, datt an de leschte Joerzéngten d'Zuel vun de Bränn staark zeréckgaangen ass, iwwerhuelen d'Pompjeeën ëmmer méi Aufgaben, déi iwwer déi traditionell Brandbekämpfung erausginn. D'Genrë vun dësen Aufgaben an d'Strukture vun den eenzele Corpse si regional ganz ënnerschiddlech.