Poseidon
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Poseidon ass de griichesche Gott vum Mier, Jong vum Kronos a vun der Rhea, ee vun den 12 groussen olympesche Gëtter. Mat sengem Dräizack huet hien d'Mier opgewullt a Fielse gespléckt. Seng Fra war d'Amphitrite déi him eng ganz Rëtsch Kanner geschenkt huet.
Hien hat och eng sëllege Kanner mat anere Fraen, dorënner och Ongeheier a Rise wéi z. B. den Zyklop, dee vum Odysseus säin An ausgestach krut. Dowéinst war de Poseidon sou rosen op den Odysseus, datt hien den Held wärend Joren um Mier ronderëm iere gelooss huet (Odyssee).