From Wikipedia, the free encyclopedia
De Prosper Mérimée, gebuer den 28. September 1803 zu Paräis, a gestuerwen den 23. September 1870 zu Cannes, war e franséische Schrëftsteller.
Prosper Mérimée | |
---|---|
Pseudonym | L' Auteur du Théâtre de Clara Gazul, Clara Gazul, Joseph Lestrange, Hyacinthe Maglanovich |
Gebuer |
28. September 1803 Paräis |
Gestuerwen |
23. September 1870 Cannes |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Henri IV |
Aktivitéit | Anthropolog, Archeolog, Historiker, Iwwersetzer, Politiker, Schrëftsteller, Moler, Dramatiker, Zeechner |
Member vun | Académie française |
Famill | |
Liewenspartner(in) | George Sand |
Hien huet e puer Theaterstécker an en historesche Roman iwwer d'Baartelméis-Massaker geschriwwen, 1572: Chronique du règne de Charles IX (1829), gouf awer virun allem bekannt fir seng gutt zwou Dosen Erzielungen: déi vun 1829/30 un erauskoumen. Déi bekanntst sinn: Mateo Falcone, Tamango (béid 1829), Le Vase étrusque (1830), La Vénus d'Ille (1837), Colomba (1840) a Carmen (1845; 1874 vum Georges Bizet a seng bekannt Oper ëmgeschafft).
Méi spéit a sengem Liewen huet hien d'Wierker vum Puschkin (1856) an Turgenjew (1869) op franséisch iwwersat a se sou a Frankräich bekannt gemaach.
De Mérimée war 25 Joer laang fir de Monumenteschutz zoustänneg, an hat gutt Relatioune mam Napoleon III., wat him ë. a. eng Senateursplaz abruecht huet. 1834 huet de Prosper Mérimée ugefaangen en Inventaire vun de bemierkenswäerten architektonesche Monumenter a Frankräich z'erfaassen an zanter 1978 ass d'Datebank vum « patrimoine architectural remarquable » no him genannt, d'Base Mérimée.
Commons: Prosper Mérimée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.