From Wikipedia, the free encyclopedia
Benguela ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Weste vum Land um Atlanteschen Ozean. D'Haaptstad vun der Provënz Benguela ass d'Stad mam selwechten Numm.
D'Vollekszielung vun 2014 ass op eng Awunnerzuel vun 2.036.662 Persoune komm, wat 8,4% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola entsprécht.[1]
D'Majoritéit vun den Awunner sinn Ovimbundu. Aner Ethnien sinn am Laf vun der Zäit, besonnesch am 19. Joerhonnert, méi oder wéineger assimiléiert ginn. Als Konsequenz vum angolanesche Biergerkrich an der Landflucht, déi e provozéiert huet, si vill Ovimbundu aus anere Regiounen (wéi der Provënz Huambo) an d'Stied Benguela a Lobito migréiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.