Provënz Huíla
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Provënz Huíla ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Südweste vum Land a grenzt am Norden un d'Provënze Benguela an Huambo, am Osten un d'Provënze Bié a Cuando-Cubango, am Süden un d'Provënz Cunene an am Westen un d'Provënz Namibe.
Se huet eng Fläch vun 79.022 km².[1]
Der Vollekszielung vun 2014 no hat se 2.354.398 Awunner, wat 9,7 % vun der Gesamtbevëlkerung vum Angola waren.[2]
D'Haaptstad vun der Provënz ass Lubango.