From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pythia (gr. Πυθία) war d'Priesterin vun Delphi, déi als weiblecht Medium beim Orakel vum Apollo zu Delphi gedéngt huet. Et ware Jongfraen aus Delphi selwer, an de gesellschaftleche Status war am Prinzip net wichteg. D'Funktioun ass an der Zäit vu ville Fraen ausgefouert ginn. D'Pythia souz op engem Dräifouss op enger Fielsspléck aus där Damp deen dem Ethylen änlech war komm ass; a war doduerch och an Trance. D'Aussoe vun der Pythia ware meeschtens a Versen, dacks schwéier verständlech a konnten op verschidde Manéieren ausgeluecht ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.