RTL Group
international Medienentreprise mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'RTL Group ass déi gréisst europäesch Entreprise déi privat Radios- an Televisiounsprogrammer bedreift. Si ënnerhält 57 Televisiounssenderen an 31 Radiosstatiounen. Och an der Produktioun vun Televisiounsprogrammer (8.000 Programmstonnen am Joer) an am Handel mat Programmrechter (19.000 Programmstonne fir 150 Länner) ass si aktiv.
D'RTL Group ass 2000 aus der Fusioun vun der CLT-UFA mat der brittescher Gesellschaft Pearson TV entstanen. D'Bertelsmann AG huet déi grouss Majoritéit vun de Parten.
D'RTL Group huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg.