Ranger 9
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ranger 9 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Si war déi néngt a lescht Sond am Kader vum Ranger-Programm fir Erfuerschung vum Äerdmound. Si war wéi Ranger 6 bis Ranger 7 am sougenannte Block-III-Design gebaut an huet 367 Kilogramm gewien. Wéi d'Missioune virdru sollt si an de leschte Minutte virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd schécken.
Ranger 9 | |
---|---|
Typ | Äerdmoundsond |
Land | |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 1965-023A |
Mass | 367 kg |
Start | 21. Mäerz 1965 |
Startplaz | CCAFC LC-12 |
Drorakéit | Atlas-Agena-B |
Status | Schluss vun der Missioun 24. Mäerz 1965 |