Regierung de Tornaco
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Regierung de Tornaco war vum 26. September 1860 bis den 3. Dezember 1867 am Amt. Si gouf am Ganze sechsmol ëmgebilt.
An d'Regierungszäit vum Victor de Tornaco fale wichteg aussepolitesch Evenementer, wéi d'Opléise vum Däitsche Bond, 1866, nom Däitsch-Éisträichesche Krich, an de Versuch vum Napoleon III., fir vum Wëllem III. Lëtzebuerg ofzekafen, wat awer wéinst dem Widderstand vum Bismarck verhënnert gouf. Zu London gouf eng Léisung aus dëser Lag fonnt, andeems an engem Traité festgehale gouf, datt d'preisesch Garnisoun misst ofgezu ginn, d'Festung Lëtzebuerg geschleeft a Lëtzebuerg op éiweg neutral an onofhängeg erkläert gouf.
An deene Jore goufen och d'Eisebunnslinnen iwwer Waasserbëlleg op Tréier an iwwer Ettelbréck op Gouvy ausgebaut, woumat och d'Siderurgie e weideren Opdriff krut.