![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/83/Roland_Harsch%252C_Rasch%2528t%2529_Auer_Liesung-005.jpg/640px-Roland_Harsch%252C_Rasch%2528t%2529_Auer_Liesung-005.jpg&w=640&q=50)
Roland Harsch
lëtzebuergesche Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Roland Harsch, gebuer de 24. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Roland Harsch | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
24. Juli 1951 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Jongelycée |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
![]() |
Zoumaachen
De Roland Harsch huet zu Wien an zu Tréier Anglistik a Germanistik studéiert. Vu Beruff ass hien Däitschprofesser. Hien ass bestuet an huet 4 Kanner.
Zanter 1986 publizéiert hien dacks ironesch a parodistesch Texter a lëtzebuergeschen Zeitungen an Zäitschrëften,wéi récré, Les Cahiers luxembourgeois, Die Warte, Le Phare, d'Lëtzebuerger Land, Den Neie Feierkrop oder woxx. Hien ass och Auteur vun Theaterstécker a Cabaretsprogrammer.
Hie krut 1990 de gëllene Schniewel beim 12. Mundartwettbewerb Saarbrücken an 2001 de Servais-Präis fir Laub und Nadel.