Rond-point Robert-Schuman
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rond-point Robert-Schuman ass eng ronn Plaz um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg op där fënnef Stroossen zesumme kommen:
- am Nordwesten, d'Avenue Pasteur
- am Norden, d'Rue des Glacis
- am Osten, de Boulevard Robert Schuman
- am Süden, d'Neipuertsgaass
- am Westen, de Boulevard de la Foire.
Numm | fr: Rond-point Robert-Schuman |
---|---|
Deel vun | N52 |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Lampertsbierg |
Postcode | 2525 |
Koordinaten |
49° 37’ 01’’ N 06° 07’ 33.9’’ O |
Genannt no | Robert Schuman |
D'Nationalstrooss 51 verleeft a West-Ost-Richtung als Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point Schuman erduerch a verbënnt de Boulevard de la Foire mam Boulevard Robert Schuman.
Pläng, fir sou eng Ënnerféierung aus zweemol enger Spuer ënnert dem Rond-Point erduerch unzeleeën, fir de Verkéier vum Kierchbierg Richtung Areler an Escher Strooss (an ëmgedréint) méi flësseg ze maachen, goufen 1986 bekannt gemaach. Gläichzäiteg sollt uewendrop eng Rëtsch vu Sailen am Krees opgestalt ginn, déi zum Deel uewendrop matenee verbonne waren.[1] Den Tunnel gouf an de Joren dono gebaut; d'Sailen awer, well s'an de Lieserbréifsäite vun den Dageszeitunge staark kritiséiert goufen, net.
Och wann d'Plaz „Rond-Point“ an hirem Numm huet, sou ass keng Intersection à sens giratoire obligatoire, wéi dat fir e Kreesverkéier am lëtzebuergesche Code de la route virgesinn ass.
D'Plaz gouf 1963 nom Robert Schuman benannt[2]; de Schuman war e franséische Politiker a Matgrënner vun der CECA deen 1886 a Clausen gebuer gouf.