Rosalba Neri
italieenesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Rosalba Neri, gebuer den 19. Juni 1939 zu Forlì, ass eng italieenesch Schauspillerin.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Zoumaachen
Si war an iwwer 90 Kinos- an Televisiounsfilmer ze gesinn dorënner bedeitend Filmer wéi Era notte a Roma (1960) vum Roberto Rossellini a Che gioia vivere (1961) vum René Clément. Si krut och Rollen a Filmer vum bekannte Regisseure wéi Luigi Comencini, Raoul Walsh, Mauro Bolognini an Duccio Tessari. Si huet awer haaptsächlech a Kriminalfilmer, Italowestern, Sandalefilmer, Horror- an Erotikfilmer matgespillt.