Routverrécklung
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Routverrécklung vun elektromagnéitesche Welle gëtt d'Verlängerung vun der gemoossener Wellelängt géintiwwer der ufanks emittéierter Stralung bezeechent. Den Effekt ass aus der Astronomie bekannt, wou d'Liicht vu wäite Galaxien zum Rout verréckelt erschéngt. Dëst léisst sech duerch eng Analys vun de Spektrallinne moossen.
Dräi Ursaache vun der Routverrécklung mussen ënnerscheet ginn:
- Eng Relativbeweegung vun der Quell zum Observateur (Dopplereffekt)
- Een ënnerschiddleche Gravitatiounspotenzial vun der Quell zum Observateur (Relativitéit)
- Dat expandéiernd Universum tëscht der Quell an dem Observateur (Kosmologie)